
E Jugendlechen ass en Donneschdeg géint 16.30 Auer vun 3 jonke Männer an der Rue Nic Biever zu Diddeleng iwwerfall ginn. D'Affer krut Pefferspray an d'Gesiicht a gouf mat enger Matraque menacéiert. D'Affer selwer wollt fortlafen, gouf awer vun de Jugendlechen zeréckgehalen. De jonke Mann konnt sech befreien an zu Fouss fortlafen. Säin E-Scooter huet hie missten zeréckloossen an dee gouf och kuerz drop geklaut. D'Matraque gouf spéider net méi erëmfonnt.
Géint 17.00 Auer konnt d'Police déi 3 presuméiert Täter ermëttelen a si konnten an der Rue Dominique Lang gestallt ginn. Déi jonk Männer hu sech hefteg gewiert an d'Beamte menacéiert, et gouf dohier Verstäerkung ugefrot. Déi 3 koumen doropshin op de Policebüro. 2 vun den 3 jonke Männer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen direkt op Schraasseg. Den 3. presuméierten Täter war nach mannerjäreg a koum op Dräibuer.
D'Affer vum Virfall koum liicht blesséiert an d'Spidol, konnt dëst awer no kuerzer Zäit nees verloossen.
Géint 16.50 Auer krut d'Police an der Stad 2 verdächteg jonk Männer gemellt, déi sech opfälleg virun an dono och an engem Buttek beholl hunn. Zweemol hätte si probéiert eng Box matgoen ze loossen, wieren awer allkéiers ouni nees erausgaangen.
Wéi déi alarméiert Beamten op d'Plaz koumen, waren d'Brigange scho fort. Si konnten no enger Sichaktioun am Zentrum ermëttelt ginn a goufe kontrolléiert. De Polizisten ass nieft engem vun de jonke Männer eng Strëmp um Buedem opgefall, an där e puer gëlle Ketten, eng Auer an aner Bijouen dra waren. Um Policebüro konnt spéider nach eng sëlwer Kette séchergestallt ginn.
Bei de weideren Ermëttlunge koum eraus, dass e puer vun de Stécker op 2 brutal Iwwerfall vum Dag virdru stamen. Ënner anerem konnten déi 2 Verdächteg an engem Fall als Ugräifer identifizéiert ginn. Op Uerder vum Parquet gouf ee vun de presuméierten Täter festgeholl a koum op Schraasseg an de Prisong, déi zweet Persoun, déi nach mannerjäreg ass, koum op Dräibuer.