Ënner GewaltJugendlecher zu Diddeleng attackéiert a beklaut

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et en Dënschdeg géint 14.30 Auer op der Place de l'Hôtel de Ville zu Diddeleng zu engem gewalttätegen Déifstall.

E Grupp vu jonke Männer hat Jugendlecher attackéiert an en Handy an Airpods geklaut. Wärend der Sich no den Ugräifer konnten dräi verdächteg Persounen zu Diddeleng an op der Beetebuerger Gare gestallt ginn. Weider Ermëttlunge goufe lancéiert.

E Protokoll wéinst Déifstall mat Gewalt gouf erstallt souwéi e “Jugendschutz"-Rapport.

Back to Top
CIM LOGO