
Et wären “déi schlëmmst Faillitten zanter der Finanzkris 2008", mellen US-Medien. Dräi Banken an de Vereente Staaten hu Faillite gemaach: als éischt d’Silicon Valley Bank. An dowéinst hunn d’Bourssen uechter Europa e Méindeg de Moien am roude Beräich opgemaach. Fir d’Lëtzebuerger Bankeplaz wär de Risiko awer ganz kleng. Op Nofro hi ginn d’Bankenassociatioun ABBL an d’Finanzopsiicht CSSF Entwarnung.
Virop ass d’Silicon Valley Bank net zu Lëtzebuerg present, respektiv aktiv. Dat kann de Generaldirekter vun der Finanzopsiicht CSSF Claude Marx mat Sécherheet soen:
“Mir wëssen net, ob Lëtzebuerger Clientë bei der Bank sinn. Dat hätt awer keen Impakt op d’Finanzplaz hei. Déi géife just riskéieren, hir Suen net all erëmzekréien eventuell. Mir wëssen awer, dass et keng gréisser Relatioune gi mat Lëtzebuergesche Banken. Do hätt den Ustiechungseffekt kënne kommen.”
Dovu brauch een awer net auszegoen, seet de Claude Marx an den Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL Jerry Grbic gëtt him Recht:
“De Risiko ass ganz ganz kleng. Éischtens ginn et an deem Fall an Europa méi streng Reegele fir d’Banken. Um Niveau vun de Liquiditéiten, déi se mussen hunn an och bei der Zentralbank hannerleeën. An och um Niveau vum Ratio vum Eegekapital. Deen ass vill méi héich ewéi nach bei der Finanzkris 2008.”
D’Reegelwierk soll jo och an den USA elo verschäerft ginn, wéi de President Joe Biden annoncéiert huet. D’Silicon Valley Bank war eent vun de wichtegsten Haiser fir d’Finanzéierung vu Startuppen an den USA. Jonk Entreprisen haten zejoert vill Suen do deposéiert. Ma d’Zënse si staark geklommen, esou de Jerry Grbic:
“Wann d’Zënsen erop ginn, da ginn d‘Valeure vun den Obligatiounen erof. Do hate se net genuch Liquiditéiten, fir dat kuerzfristeg ofzedecken.”
Heescht also, datt d’Operatioune vun der US-Bank gestoppt goufen. D’US-Finanzministesch Janet Yellen huet eng staatlech Rettung vun der Bank iwwerdeems ausgeschloss. Wat dat heescht, erkläert den CSSF-Generaldirekter Claude Marx:
“An deem Fall gëtt déi Bank dann entweder deelweis oder ganz verkaaft. Da kéint se deelweis oder ganz weider funktionéieren. Wann awer kee Keefer do ass, da gëtt d’Bank liquidéiert.”
D’US-Autoritéiten hu betount, d’Sue vun de Clientë wären a Sécherheet.
Den Internationale Wärungsfong geet och net dovun aus, dass d’Insolvenz vun der Silicon Valley Bank en Dominoeffekt ausléist. Allerdéngs kéint dësen Episod dem Claude Marx no en Impakt op d’international Startup-Zeen an hir Relatioun mat de Banken hunn.
RTL News: Dräi US-Banke betraff: “Schlëmmst Faillitten zanter der Finanzkris 2008", sou US-Medien