
Géint 10.30 e Freideg de Moien huet d’Waasserwirtschaftsamt de Risk vum Héichwaasser opgehuewen.
D’Waasserstänn vun deene meeschte Baachen a Flëss sinn antëscht ënnert “d’Cote de Pré-Alerte” gefall. Just de Peegel vun der Uelzecht zu Ettelbréck geet méi lues erof, wäert awer an den nächste Stonnen och ënnert “d’Cote de Pré-Alerte” falen.
Allerdéngs kéinten d’Peegele vu verschidde Gewässer, wéi zum Beispill d’Uelzecht zu Hesper, nach liicht klammen a befanne sech aktuell an engem erhéichte Beräich ronderëm “d’Cote de Pré-Alerte”. Déi meescht Waasserstänn ginn awer, wéi gesot, erof. Un der Sauer war “d’Cote de Pré-Alerte” schonn e Freideg de Moien ënnerschratt.
Och MeteoLux huet hir Warnunge fir e Freideg opgehuewen.
PDF: D’Schreiwes vun der Héichwaasservirwarnbereetschaft (23.02.2024 - 10.30 Auer)
LINK: All d’Detailer op “inondations.lu”
RTL-News: Alerte Orange wéinst Héichwaasser a Wandvitesse vu bis zu 110 Stonnekilometer