SteierklassesystemKeng Ännerung vu Steier-Iwwergangsphas nom Doud vum Partner

RTL Lëtzebuerg
Nom Doud vum Liewenspartner gëllt eng Iwwergangsphas vun 3 Joer, bis de Steierzueler, deen nach lieft, vun der Klass 2 an d'Klass 1A ëmklasséiert gëtt.

Dëst stellt awer keng Witwesteier duer, wéi de Finanzminister Gramegna op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Clement betount an un dëser Transitiounsphas, éier een an enger aner Steierklass rëtscht, soll och näischt geännert ginn. D’Chiffere weise wéi vill Leit, nom Doud vun hirem bestuete Partner, vun der Iwwergangsphas betraff sinn: dat sinn an der Moyenne fir Residenten an Net-Awunner eng ronn 1.600 Leit, fir déi dëse Steierklassesystem gëllt. Zejoert waren et souguer bal 1.900 Leit.

Back to Top
CIM LOGO