CGDISKeng Blesséierter bei véier Bränn uechtert d'Land

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg waren d'Pompjeeën nees vill wéinst Bränn zu Lëtzebuerg am Asaz. Dat zu Waasserbëlleg, Eschweiler, Keel a Bënzelt.
Symbolbild
Symbolbild
© Domingos Oliveira / RTL

Géint hallwer 12 um Méindeg de Mëtteg waren d’Pompjeeë vu Gréiwemaacher-Mäertert wéinst engem Brand op engem Feld beim CRB tëscht der Aire de Waasserbëlleg a Waasserbëlleg am Asaz.

Bei Eschweiler hu géint 14 Auer e Feld an Hecke gebrannt. D’Pompjeeën aus dem Kiischpelt, vu Wolz, Alebësch-Esch-Sauer, Colmer-Schieren, grad ewéi de GATO an d’Ambulanz vu Wolz waren op der Plaz.

An der Rue des Champs zu Keel gouf et och e Feier op engem Feld, dat op Hecken iwwergesprongen ass. Hei hunn d’Pompjeeë vu Keel an Esch-Uelzecht de Brand geläscht.

Zu Bënzelt an der Ëlwenterstrooss gouf e Brand op engem Feld vun de Pompjeeë vu Wäiswampech, Ëlwen a Colmer-Schieren geläscht.

Back to Top
CIM LOGO