Gemeng Monnerech warntKeng Firma mat Etüden iwwer erneierbar Energië beoptraagt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moien huet d'Monnerecher Gemeng virun Onéierleche gewarnt, am Nomëtteg huet sech du bei RTL eng Firma gemellt, fir sech ze erklären.
© RTL Archiv

Wéi d’Gemeng en Donneschdeg de Moie matgedeelt huet, wieren den Dag virdrun zu Monnerech Persounen ënnerwee gewiescht, déi behaapt hunn, am Optrag vun der Gemeng eng Etüd iwwer erneierbar Energien duerchzeféieren.

Et war der Gemeng den Ament vun der Kommunikatioun nach net kloer, ëm wien et sech bei dëse Persoune genee géif handelen.

De Schäfferot huet an der Matdeelung preziséiert, datt d’Gemeng Monnerech keng Etüd iwwer erneierbar Energien an Optrag ginn hätt. Deementspriechend wier och keng privat Firma beoptraagt ginn, dës duerchzeféieren. An d’Police wier och ewell iwwert den Tëschefall informéiert ginn.

Am Laf vum Donneschdeg de Mëtteg huet sech dunn déi inkriminéiert Firma C., vun där eng Visttekaart virlouch, bei RTL gemellt a wësse gedoen, datt een am Gaange wier, deen Eck vum Land ze demarchéieren, also de Leit un der Hausdier Rendez-vouse fir Etüden ze proposéieren – dat awer op eege Fauscht an net am Numm vun der Gemeng, déi wuel dann och net am Bild doriwwer war.

Dementi vun der Firma

Och e Lieser huet sech en Donneschdeg bei RTL gemellt, hie wier och vun der Firma C. kontaktéiert ginn. A sengem Message e sot Merci fir d’Info, datt se net am Optrag vun der Gemeng ënnerwee war.

Vis-à-vis vun RTL huet d’Firma, déi am Raum Monnerech Clientë sicht, um Donneschdeg den Owend ënnerstrach, datt een an de Clientsgespréicher net géif behaapten, am Numm vun der Gemeng virstelleg ze ginn. Et géif ee korrekt schaffen an et wéilt een déi energeetesch Transitioun begleeden.

Hei d’Info vun der Gemeng un RTL am Wuertlaut:

L’administration communale a été informée, qu’ en date du 12/06/2024, un groupe de personnes, dont les intentions et l’identité exactes restent encore inconnues, ont fait du porte à porte auprès de particuliers dans le cadre d’une soi-disant “étude sur les énergies renouvelables” et ce, sur mandat de l’administration communale de Mondercange.

Le collège des bourgmestre et échevins informe que l’administration communale de Mondercange n’est pas à l’origine d’une telle étude et qu’elle n’a, en aucun cas, donné mandat à des agents privés en vue de démarcher de potentiels clients.

À toutes fins utiles, je vous prie de trouver ci-joint des photos de la carte de visite d’une de ces personnes.

Je vous prie de noter que la Police Grand-Ducale a déjà été informée des faits.

Back to Top
CIM LOGO