Kuerz a KnappKeng laang Rieden, just kuerz a knapp Äntwerten - Jeff Steichen (Fokus)

RTL Lëtzebuerg
Mir presentéieren iech am Magazin déi jéngste Kandidaten a Kandidatinne vun all de Lëschten am Kader vun de Chamberswalen den 8. Oktober.
Kuerz a Knapp mam Jeff Steichen vu Fokus
Mir presentéieren iech am Magazin déi jéngste Kandidaten a Kandidatinne vun all de Lëschten am Kader vun de Chamberswalen den 8. Oktober.

Kuerz a Knapp hu mir elo déi jéngste Kandidate vun 10 Parteie kennegeléiert. En Dënschdeg ass et dann um Jeff Steichen, de 19 Joer ale Bauer bedreift Ackerbau an huet Mëllechkéi um Betrib. An der Schoul war hien am Schülercomité aktiv, elo steet hie bei Fokus op der Lëscht am Bezierk Norden. Fir de Jeff Steichen ass et déi éischte Kéier, dass hien an de Wale mat dobäi ass, politesch engagéiert hien sech zanter leschtem Joer. Fir de kuerz a knappen Interview hu mir hien op sengem Betrib getraff.

Numm: Jeff Steichen

Alter: 19 Joer

Partei: Fokus

Gemeng: Groussbus-Wal

Bezierk: Norden

Beruff: Bauer

Hobbyen: President vum Grupp Zucht bei de Lëtzebuerger Jongziichter


LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen
All d’Episode vu Kuerz a Knapp op RTL Play

Back to Top
CIM LOGO