
D'kënschtlech Intelligenz ass ëmmer méi en Deel vun eisem Alldag, verännert d'Aarbechtswelt a gëtt nei Perspektiven a ville Secteure wéi der Gesondheet, der Educatioun an der Informatioun.
Mee dës Fortschrëtter werfen och Froen op: Wéi zouverlässeg ass dës Technologie? Wéi eng Risike bréngt se mat sech? A wéi kënne mir d'Kontroll driwwer behalen? Solle mir eis iwwer dës Entwécklung freeën oder eis éischter Suerge maachen? STUDIO2 beschäftegt sech an der nächster Emissioun mat enger Revolutioun, déi eréischt ugefaangen huet.
En Text schreiwen, e Bild generéieren, e Video produzéieren oder Donnéeën a just e puer Sekonnen analyséieren: Wat viru Kuerzem nach no Science-Fiction geklongen huet, ass haut schonn Deel vun eisem Alldag.
D'kënschtlech Intelligenz entwéckelt sech rasant weider a gëtt an ëmmer méi Beräicher agesat. An de Betriber, an de Schoulen, an de Spideeler oder doheem – si verännert schonn haut eis Gewunnechten an d'Aart a Weis, wéi mir schaffen.
Mee dës Entwécklung werft och vill Froen op. Kënne mir eis op d'Äntwerte vun der kënschtlecher Intelligenz verloossen?
Wéi eng Beruffer kéinte sech doduerch grondsätzlech veränneren? Wéi kënne mir nach tëscht wouer a falsch ënnerscheeden, wann déi generéiert Inhalter ëmmer méi realistesch ginn? A wéi wäit kënnen dës Technologië sech entwéckelen, ouni datt de Mënsch d'Kontroll driwwer verléiert?
Tëscht grousse Chancen a Risiken, déi sech schwéier viraussoe loossen: Wéi eng Zukunft erwaart eis mat der kënschtlecher Intelligenz?
Fir déi verschidden Aspekter vun dëser Revolutioun ze beliichten, sinn am STUDIO2 fënnef Invitéë mat ënnerschiddleche Perspektiven an Erfarungen:
Wéi eng konkret Virdeeler kënne mir vun der kënschtlecher Intelligenz erwaarden? Wéi eng Risike musse mir eescht huelen? A wou soll eis Gesellschaft Grenze setzen?
Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, déi am Mëttelpunkt vun der Diskussioun stinn.
STUDIO 2, dëse 15. Oktober 2026 um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg oder RTL Play.
Am Virfeld vun der Emissioun interesséiert eis och Är Meenung iwwert d'kënschtlech Intelligenz: