Iwwer 200 Leit op der KinnekswissKläpperei um Mëttwoch den Owend ausgeaart, Police huet Rassemblement opgeléist

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 20 Auer e Mëttwoch den Owend huet en Zeien der Police eng Kläpperei op der Kinnekswiss gemellt.
© RTL Archivbild

Wéi d'Police op der Plaz ukoum, war Situatioun immens oniwwersiichtlech. Ënnert den iwwer 200 Leit, déi sech op der Kinnekswiss zesummefonnt haten, waren e puer Kläppereien ausgebrach. Och vun Déifställ mat Gewalt geet rieds.

Am Hibléck op d'Corona-Mesuren huet d'Police de Rassemblement opgeléist. E puer Policepatrullen aus dem Süden an Osten goufen als Verstäerkung erbäigeruff an zesumme gouf de Park "duerchkämmt".

Eng Persoun gouf um Enn festgeholl, well si soll geklaut hunn.

Wéi et heescht, gouf bei de Kläppereie kee seriö blesséiert. Bei der Aktioun ware ronn 70 Polizisten an de Policehelikopter bedeelegt.

Back to Top
CIM LOGO