
D'Kommunikatiounsdirektesch Monique Feidt an de Kommunikatiounsberoder Alain Rousseau hunn d'Cour Uganks dës Joers verlooss. Elo dann ee weideren Depart.
Wéi de Business-Zäitschrëft Paperjam en Dënschdeg de Moien schreift, verléisst nämlech och d'Véronique Poujol den Haff.
D'fréier Journalistin war zanter 2016 Beroderin vun der Grande-Duchesse Maria Teresa, dëst fir d'Domainer vu sozialen, humanitären an edukative Projeten.
De Posten vun der Monique Feidt als "Directrice de la Communication" ass iwwerdeem zanter 4 Méint net besat. Am Mäerz war jo och bekannt ginn, datt den Alain Rousseau, dee mat senger Consultance-Firma Tismo fir den Haff geschafft huet, säi Kontrakt "op eegene Wonsch" net weider verlängere géif.
Och de Poste vum Direkter vun der "Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse" ass nach ëmmer vakant: De Mike van Kauvenbergh hat RTL-Sourcen no, nämlech no nëmmen engem Joer vun dësem Posten demissionéiert.