
Aus der Ëmfro, déi d’BCL all Mount mécht, geet ervir, datt sech zanter August all d’Indicateuren verbessert hätten, ausser d’Absicht, Sue fir Akeef auszeginn.
Deen Indicateur ass op -31 gefall also 6 Punkte manner ewéi am Oktober nach oder 21 Punkte manner ewéi am November d’lescht Joer.
De generellen Indicateur vun der Confiance, dee ass par konter nëmmen nach -25 am Verglach mam Déifpunkt vu -30 Punkten am September. Wat déi wirtschaftlech Entwécklung ugeet, ass een elo bei -40. Virun engem Joer war deen Indicateur eng kuerz Zäit am Positiven.