MierschentKrichsmunitioun aus 2. Weltkrich detonéiert a stécht Maschinn a Brand

RTL Lëtzebuerg
Nodeems et e gréissere Knall gouf, huet kuerz drop eng Aarbechtsmaschinn Feier gefaangen.
© Police

Geschitt ass dëse Virfall e Freideg de Moie géint 10 Auer an engem Bësch bei der Rue de Gralingen zu Mierschent. Keng Persoun gouf blesséiert.

De Brand gouf duerch e Sprengkierper, dee vergruewe gouf, ausgeléist. Et huet sech hei ëm Munitioun aus dem 2. Weltkrich gedréit. D'Pompjeeë waren op der Plaz.

D'Arméi huet sech ëm d'Entsuerge vum Sprengkierper bekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO