No Vott géint de Max Leners fir fräie Posten am StaatsrotKritik vun der LSAP - Premier Frieden gesäit kee Problem

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Max Leners net déi néideg Stëmme krut fir an de Staatsrot, kritiséiert d'LSAP, datt de Conseil d'Etat seng eege Gesetzer net respektéiere géif.
Kritik vun der LSAP - Premier Frieden gesäit kee Problem
Nodeems de Max Leners net déi néideg Stëmme krut fir an de Staatsrot, kritiséiert d’LSAP, datt de Conseil d’Etat seng eege Gesetzer net respektéiere géif.

D’Liz Braz huet am RTL-Interview betount, datt et e wichtege Schratt gewiescht wier, fir Mol méi jonk Stëmmen am Staatsrot vertrueden ze hunn, an datt der LSAP hire Kandidat déi néideg Krittäre wuel erfëllt hätt. Op d’Fro, ob Leit aus der eegener Partei géint de Kandidat vun de Sozialiste gestëmmt hunn, sot d’Liz Braz, datt si sech dat gutt kéint virstellen, well hirer Meenung no verschidden LSAP-Memberen am Staatsrot der Partei hir Wäerter guer net méi vertrieden. Dat wier och representativ fir de Broch vun de Generatioune bannent der LSAP.

De Premier Luc Frieden gesäit dogéint kee Probleem doran, datt de Max Leners refuséiert gouf. Ëmmerhi géif dës Plaz jo ausgeschriwwe ginn. Och dës Kéier wiere méi Kandidaturen erakomm an iwwert déi wier ofgestëmmt ginn. Wann dës Wiel net géif respektéiert ginn, géif dee ganzen Auswiel-Prozess kee Sënn maachen, esou de Luc Frieden e Mëttwochmëtteg an der Chamber. Doriwwer eraus wieren aktuell dräi Parteien ënnerrepresentéiert, wann d’Membere vum Staatsrot déi politesch Gewiichtung vun der Chamber erëmspigele missten.

(13.11.24) Vott fir fräie Posten am Staatsrot: Fiasko fir den LSAP-Kandidat Max Leners

Back to Top
CIM LOGO