Keng Handwierker, kee MaterialLaang Waardezäit fir Photovoltaikanlagen

Pierre Weimerskirch
Demande no Photovoltaikanlagen ass zu Lëtzebuerg an de leschte Wochen explodéiert. Ëmmer méi Leit wëlle Solarzellen um Daach fir Stroum ze produzéieren.
Penurie bei den Installateuren
Demande no Photovoltaikanlagen ass zu Lëtzebuerg an de leschte Wochen explodéiert. Ëmmer méi Leit wëlle Solarzellen um Daach fir Stroum ze produzéieren.

Ee Problem ass allerdéngs, datt et den Ament un Installateure feelt an et zum Deel och Enkpäss bei de Liwwerunge gëtt.

Den eegene Stroum vum Daach notzen, dat bréngt net nëmmen eppes fir de Portmonni, ma och fir d’ Ëmwelt. Ronn 15.000 Euro Kascht eng normal Photovoltaikanlag, bannent 10 Joer géif se sech Rentabiliséieren, esou de Carlos Bapista, deen zanter 15 Joer Diech mat Photovoltaik bedeckt.

Stroum vum eegenen Daach

D’Politik wëll ënnert anerem mat Primmen d’Leit zu dëser Investitioun beweegen. Leit, déi sech elo wëllen eng Photovoltaikanlag installéiere wëllen, brauche vill Gedold. An dat huet e puer Ursaachen. Et feelt un Handwierker an u Material, esou de Carlos Baptista. A knapp 3 Deeg wier esou eng Solaranlag installéiert. Notzt een de Stroum fir den eegene Bedarf, kéint ee wuel iwwert d’Joer genuch Stroum produzéieren, allerdéngs huet een am Summer eng Iwwerproduktioun an am Wanter net genuch Stroum.

Bei all den Installateuren, bei deene mir eis informéiert hunn, gëtt et laang Waardezäiten a vill bekloen, datt een aktuell net un dat néidegt Material kënnt. Der aktuell grousser Demande kënnt de Secteur net no.

Energiepolitik: “Primmen eleng ginn net duer”

Back to Top
CIM LOGO