Leit, déi an irreguläre Situatiounen zu Lëtzebuerg liewen, misste regulariséiert ginn an d’Gesetzer ugepasst ginn, datt dës Situatiounen evitéiert ginn. Dat huet d’Asti en Dënschdeg op enger Pressekonferenz gefuerdert.
Leit, déi schonn hei schaffen, déi schonn eng Kéier eng Openthaltsgeneemegung haten, awer déi net erneiert kruten, Leit déi keen Asylrecht kruten, vulnerabel Persounen, Familljemember vu Leit, déi regulär am Land sinn a Famille mat Kanner, déi hei am Land gebuer sinn oder an d’Schoul ginn, misste vun der exzeptioneller Regularisatioun betraff sinn.
“Et géif am Sënn vum Lëtzebuerger Land guer keen Nodeel mat sech bréngen. Déi Leit si souwisou do. Ganz oft schaffen déi, bezuelen awer keng Cotisatiounen, well se net deklaréiert sinn. Dat heescht mir géingen do generell dee System einfach op eng propper Schinn kréien.”
Domat géing een och verhënneren, datt Mënschen hei am Land an onwierdegen Zoustänn liewen an Affer vun Exploitatioun a souguer Mënschenhandel ginn.
D’Asti proposéiert fënnef Reformen, fir ze verhënneren, datt Mënschen an irregulär Situatioune kommen. Et misst méiglech ginn, Famille mat Kanner ze regulariséieren, och wa si eng Eloignementsmesure net respektéiert hunn. D’Regularisatioun duerch d’Aarbecht misst méi einfach gemaach ginn. Et misste Mesurë ginn, fir Leit ze regulariséieren, déi zanter ville Joren hei sinn a vulnerabel sinn. Leit, déi an engem aneren EU-Land eng Openthaltsgeneemegung hunn, misste méi einfach kënnen heihi schaffe kommen. Da misst een och mat all Openthaltsgeneemegung dierfe schaffe goen.
