Zanter 1968 pilgeren all Joer Zegdausende vu Gleewege bei d'Monument "Notre Dame de Fatima" op Baessent. Am Januar 1945 haten 10 Mënschen zu Wolz am Keller vum Paschtoueschhaus versprach, en Denkmal opzeriichten, sollte si d'Ardennenoffensiv iwwerliewen. Ugangs de 50er Jore gouf mam Bau ugefaangen. Zanter Mëtt de 60er Jore pilgeren all Joer fir Christi Himmelfaart an der Haaptsaach portugisesch Immigrante bei d'Monument.
Wéinst der aktueller Pandemie ass de Cortège dëst Joer bei d’Fatima op Wolz annuléiert ginn. Trotzdeem konnten déi Gleeweg en Donneschdeg zu Wolz an d’Kierch ënnert den néidege Sécherheetsmesurë bei d’Muttergottes biede goen.
E Grapp voll Mënsche vun der portugisescher Communautéit hunn dann och zesummen eng Mass zu Bouneweg gefeiert. Si wollten op Christi Himmelfaart un d'Muttergottes Maria erënneren. D'Mamm vun all de Leit op der Äerd. D'Mass, déi de Paschtouer en Donneschdeg de Moie gehalen huet, gouf iwwer déi sozial Netzwierker gestreamt.
Eng RTL-Ekipp huet en Donneschdeg de Mëtteg zwou Police-Patrulle vum Kommissariat des Ardennes am Groussraum vu Wolz begleet. Géint 16 Auer hate sech eng zwou Dose Pilger uewenaus iwwer Wolz beim Monument vun der Muttergottes versammelt.
"Et ass vill méi roueg, wéi mer eis et erwaart haten. Generell sinn d'Leit enorme disciplinéiert. Et ass schonn héije Respekt un d'Organisatioun an och un d'Leit selwer", sou d'Christine Lorgé vum Police-Kommissariat Ardennes.
Kleng Gruppen, virop Familljen, déi bieden. All hu se eng Mask un. Pilgeren a Covid-19-Zäiten, am Respekt. D'Police-Beamtin hält fest, d'Leit si scho bal méi disciplinéiert wéi et misst de Fall sinn. Ënnenof an der Kierch ass d'Bild dat selwecht. Maximal 20 Pilger gi bei d'Statu vun der Fatima gelooss. Mat Mask an op Distanz.
"Mir si plus minus bei 80 bis 160 Pilger, déi an d'Kierch era koumen. Familljen, vill Koppelen, vill Jonker", sou d'Jacqueline Goudenbourg vun der Por Wolz.
Am Heischtergronn bloufen dëst Joer d'Wisen eidel. Do wou aner Joren déi 15 bis 20.000 Pilger ënner Frënn a Famillje feieren. Nëmme vereenzelt Gruppen, zu manner wéi 20, hu gegrillt. D'Missioun vun de Polizisten hei war net repressiv, ma am Dialog goufen d'Leit informéiert a sensibiliséiert. Wéini et wichteg ass e Mask unzedoen. Wéi d'Mask richteg unhunn. D'Distanzreegel nach emol erklären. En Exercice, deen d'Beamten net just um Donneschdeg am Groussraum vu Wolz beschäftegt huet, well zanter d'Wieder gutt ass, ass dat och um Stauséi de Fall.
"Do si laut Gemengereglementer momentan nach d'Plagen alleguerten zou. Dat heescht et ass net fir op de Stau grillen ze goen, Party ze maachen. Een deen elo säi Sport maache geet, eng Kéier Schwammen oder en Tour mam Kayak, dat ass erlaabt.", sou d'Christine Lorgé vum Police Kommissariat Ardennes.
