Méi Mindestloun gefuerdertLëtzebuerg ignoréiert EU-Direktiv, sou déi Lénk

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes fuerderen déi Lénk eng Hausse vum Mindestloun, de Grand-Duché géif sech nämlech net un eng europäesch Gesetzgebung halen.

Eng EU-Direktiv gesäit vir, dass de Mindestloun op d’mannst 60 Prozent vum Brutto-Medianloun soll sinn. Dat bedeit, dass en hei am Land ëm ongeféier 300 Euro misst gehéicht ginn.

Et wier gewosst, dass et net méiglech ass, hei am Land mam Mindestloun ze liewen, heescht et am Schreiwes vun der lénker Partei. Eleng d’Logementspräisser brénge mat sech, dass Leit mat méi klenge Paien dacks gezwonge sinn, iwwer 50 Prozent vun hirem Akommes auszeginn, fir ze wunnen.

D’Logementspolitik vun der aktueller Regierung géing och ze wéineg fir Locatairë maachen, déi logesch Konsequenz wier et, dass Leit trotz Aarbecht an d’Aarmut falen.

D’EU-Direktiv muss bis de 15. November ëmgesat ginn. Esoulaang géing een och weider nohaken an derhannert bleiwen, esou déi Lénk.

Schreiwes vun déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO