
Trotz enger globaler wirtschaftlecher Situatioun, déi sech duerch d’Inflatioun verschlechtert, géing d’Rating-Agence d’Lëtzebuerger Ekonomie als stabel ugesinn.
Ervirgehuewe gëtt d’Performance vum Aarbechtsmaart, ënnerstëtzt duerch d’Tripartite-Mesuren, d’budgetär Situatioun, déi sech manner verschlechtert hätt wéi virgesinn, an d’ëffentlech Schold, déi ënnert deenen nidderegsten an Europa ass.
D’Bewäertung vun de Rating-Agencen dréit ënnert anerem dozou bäi, zu wéi enge Konditiounen e Land Sue léine kann.