Invité vun der Redaktioun (30. Januar) - Olivier JacquinLëtzebuerg net "aggresséieren"

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie war de Senateur vum Département Meurthe-et-Moselle eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Olivier Jacquin
En Donneschdeg de Moie war de Senateur vum Département Meurthe-et-Moselle eisen Invité vun der Redaktioun.

De Senateur vu Meurthe-et-Moselle, Olivier Jacquin, setzt an der Fro vun de steierleche Kompenséierungen op Dialog a fiabel Zuelen.

"Ech kommen net meng Lëtzebuerger Frënn agresséieren", esou den Olivier Jacquin en Donneschdeg de Moien hei op RTL. D'Fro war ob Lëtzebuerg och de franséische Gemenge misst en Deel vun de Steierrecetten iwwerweisen. Déi aussergewéinlech wirtschaftlech Entwécklung vu Lëtzebuerg huet positiv, mä awer och negativ Faiten op d'franséisch Gemengen. Dës mussen nämlech den 106.000 franséische Frontaliere Servicer ubidden, ouni awer Steiere vun hinnen anzekasséieren.

Iwwerdeems de Buergermeeschter vu Metz virun 2 Wochen um 100,7 200 Milliounen Euro d’Joer gefrot huet, wollt den Olivier Jacquin keng Zuel nennen. Et kéint een och méi wäit goen, sou den Olivier Jacquin, wann een zum Beispill all d'Käschte fir d'Formatioun vun de Frontaliere mataberechent oder d’Ausgabe fir d'Defense.

Mä hie wéilt net op dee Wee goen, well ee "Chèque" dierf net d'Enn vum Dialog sinn. Fir eng Basis ze hunn, fir d'Diskussioun huet hien déi franséisch Regierung opgefuerdert, endlech all d'Zuelen op den Dësch ze leeën. Da bräicht ee sech net méi op d’Zuelen vun engem Rapport vum Europarot oder vum Buergermeeschter vu Metz ze beruffen.

Lëtzebuerg kompenséiert déi belsch Gemengen zanter bal 20 Joer, mä d'Lëtzebuerger Regierung refuséiert dat selwecht fir franséisch Gemengen ze maachen. Allerdéngs hat d'Regierung 2018 acceptéiert Infrastrukturprojeten a Frankräich an Héischt vun 120 Milliounen Euro op 10 Joer ze kofinanzéieren. 120 Milliounen, dat wier e "Progrès" well et virdru näischt gouf, Mä et wier och "net déck".

Den Olivier Jacquin huet iwwerdeems am Interview och ze bedenke ginn, datt d’Immobiliëpräisser, déi just fir "puer Leit" gutt wieren, iwwert d’Grenz ewech déi méi aarm Populatiounen géinge "verjoen".

En Donneschdeg de Moie war de Senateur vum Département Meurthe-et-Moselle eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
RTL NEWS: De Buergermeeschter vu Metz fuerdert 2.000 Euro pro Frontalier zu Lëtzebuerg
Back to Top
CIM LOGO