Europäesch MigratiounspolitikLëtzebuerg verschléisst sech Diskussioun iwwer "Return Hubs" baussent der EU net

RTL Lëtzebuerg
Dës "Return-Hubs" wiere fir refuséiert Demandeur d’asile an Drëttstaate baussent der EU. Dat seet den Inneminister Léon Gloden no engem EU-Ministerrot.
© MAINT

Refuséiert Demandeurs de protection internationale misste méi séier an hir Länner zeréckgeféiert ginn, fir datt déi, déi als Refugié unerkannt ginn, an hirer Integratioun kënne begleet ginn, esou de Léon Gloden. Dobäi wier wichteg, datt d’Mënscherechter respektéiert ginn, esou de Léon Gloden: «Dat wier en Hub, deen an engem sécheren Drëttstaat opgebaut gëtt. A wou eebe Leit aus allen EU-Memberstaaten, déi den Asyl net kréien, kéinten dohi gefouert ginn, wou se dann begleet ginn, fir an hir Länner zréckzekommen. Dat kéint e bëssen esou ausgesinn, wéi eng Maison de retour volontaire.”

Dëst Konzept wier elo eng éischte Kéier ënnert de Ministeren diskutéiert ginn. An deene nächste Méint ginn déi Diskussiounen iwwert eng effikass europäesch Politique de retour virun.

De Léon Gloden ënnersträicht awer, datt et hei ëm Leit geet, deenen hir Demande gepréift a refuséiert gouf, net ëm Leit, déi hir Demande eréischt stellen: “Ech soe ganz kloer: Mir si géint de Ruanda-Modell. Dat huet Lëtzebuerg ëmmer gesot an dat ass eng kloer Positioun och vun dëser Regierung: Kee Ruanda-Modell. Dee Return-Hub ass och eppes anescht, wéi déi Zentren, déi tëscht Italien an Albanien bestinn.”

Déi fréier brittesch Regierung hat Pläng, fir Demandeurs d’asile a Ruanda ze schécken, wou d’Demande vu ruandeschen Autoritéite gepréift gi wären. D’italieenesch Autoritéite préiwen hirersäits an Albanien d’Demandë vun Leit, déi am Mëttelmier aus Séinout gerett goufen – e Modell, géint deen de Léon Gloden net ass. Der EU-Kommissioun no sinn dëst Joer bis elo ronn 53.000 Migranten irregulär an d’EU agereest. 2015, um Héichpunkt vun der Migratiounskris, waren et der ronn 1,4 Milliounen. Zanterhier sinn d’Zuelen also staark réckleefeg.

De Léon Gloden hat um Bord vun der Reunioun och nach emol eng Entrevue mat senger däitscher Kolleegin Nancy Faeser, dat wéinst de Grenzkontrollen, déi Däitschland zanter Mëtt September och op der Lëtzebuerger Granz mécht.

Hien huet do widderholl, datt et fir Lëtzebuerg wéinst der grousser Zuel u Frontalieren wichteg wier, datt d’Bannegrenze op bleiwen an datt d’Kontrollen un den EU-Baussegrenzen, respektiv un de Grenzen vum Schengenraum gemaach ginn. Hien huet och d’Effikassitéit vun deene Kontrollen an Zweiwel gezunn. Ma d’Nancy Faeser hätt him geäntwert, d’Kontrolle wieren an Däitschland innepolitesch wichteg.

Back to Top
CIM LOGO