
Eng Woch huet sech d’Regierung Zäit gelooss fir Positioun ze bezéien zum Glyphosat-Urteel an zweeter Instanz virum Verwaltungsgeriicht. E Freideg wëllen de Landwirtschafts- an den Ëmweltministère virun der Press erklären, wéi eng Konsequenze si aus dem Verdikt zéien.
D’Riichter vun der Cour administrative hunn d’lescht Woch d’Lëtzebuerger Pestizid-Verbuet bekanntlech och an zweeter Instanz gekippt. An dat op Basis vun enger duerchaus interessanter Argumentatioun, déi weist, wéi wéineg fundéiert den nationale Glyphosat-Verbuet dach war. Sou liest een am Urteel, datt de Lëtzebuerger Staat keng valabel juristesch Argumenter virbruecht huet, fir sech iwwert déi europäesch Zouloossung ewechzesetzen. En hätt sech eenzeg an eleng just op den Koalitiounsaccord beruff, dee virgesäit, fir de Pestizid vum 1. Januar 2021 un ze verbidden.
“Pour le surplus et de manière assez énigmatique, la partie étatique, ..., omet d’énoncer le moindre élément de droit qui justifierait, sur base des dispositions légales pertinentes tel qu’annoncé dans l’accord de coalition, sa démarche afférente oder nach “absence d’indication de la moindre argumentation juridique”
D’Riichter erklären, datt en nationaalt Glyphosatverbuet awer just da méiglech ass, wann den EU-Memberstaat beweise kann, datt de Pestizid, wéinst de spezifesche Gegebenheeten an der Landwirtschaft an der Ëmwelt vun deem Land, e Risiko fir Ëmwelt a Gesondheet ass. Dat hätt de Lëtzebuerger Staat awer net gemaach.
Bayer hat och vum Staat 15.000 Euro Schuedenersatz gefuerdert. Déi Demande gouf vun de Riichter allerdéngs verworf.
An der EU ass de Glyphosat fir den Ament nach bis de 15. Dezember dëst Joer zougelooss. Eng Verlängerung vun der Zouloossung ass méiglech.