Eng Rekord-Walbedeelegung bei de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt an ee Rekord-Walresultat fir d'AfD mat bal 44 Prozent. D'Partei, déi vum Landesverfassungsschutz als geséchert rietsextremistesch agestuuft gëtt, huet déi absolutt Majoritéit zwar verpasst, se geet awer wéi erwaart als klore Walgewënner eraus. Ee Resultat, dat och zu Lëtzebuerg fir vill Reaktioune suergt.
Hie géing ëmmer bedaueren, wann Extremiste gewannen, esou de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden an enger éischter Reaktioun. Extremismus wier ni eng Léisung fir d’Problemer, déi sech an enger Gesellschaft géinge stellen. Extremiste kéime mat einfache Léisungen, déi e Land net géinge viru bréngen. Hie géing hoffen, datt d’politesch Mëtt kéint Léisunge fannen, déi ee groussen Deel vun der Bevëlkerung géingen als raisonnabel ugesinn.
Änlech kommentéiert de Lëtzebuerger Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel d'Walresultat. Et wier eng Warnung an et misst ee sech bewosst sinn, dass bei verschidde Leit d'Flemm do wier. D’Leit hätte Suergen a Froen an d’Populiste kéime mat einfache Léisungen, déi awer an der Realitéit net ëmsetzbar wieren. Bal 44 Prozent vun de Stëmme géing awer och bedeiten, datt nach ëmmer eng grouss Majoritéit d'AfD net wéilt, betount den DP-Minister.
Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet de Walkampf déi lescht Deeg sur place suivéiert. Hie géing sech gäre säin eegent Bild maachen, esou d'Begrënnung. D'Brandmauer bezeechent hien als "grousse Feeler". Doduerch géingen d'Bierger mengen, datt déi aner net op se lauschteren. Eng Brandmauer wier am Fong nëmme kontraproduktiv.
D'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding warnt an de Soziale Medie virun engem "Ugrëff op eis solidaresch Wäerter". Déi extrem Riets géing net nëmmen demokratesch Institutiounen ugräifen. Si géing Fraerechter, Gläichstellung, LGBTIQ+Rechter, Diversitéit an ee solidarescht Europa a Fro stellen.
Déi gréng Deputéiert Sam Tanson schwätzt vun engem "erschreckende" Walresultat. Et géing weisen, wéi vill Vertrauen an déi demokratesch Parteie verluer gaangen ass. Den Optrag wier dat Vertrauen nees zeréckzegewannen.
Fir de Sven Clement vun der Piratepartei bräichten d'Politiker sech net ze wonneren, "wann d'Leit hir Stëmm enzwousch anescht ofginn". Et wier d'Politik, déi "d'Lektioun net verstanen" hätt. D'Politiker géingen ze vill un hiren Ideologien hänken an net de Leit hir Problemer léisen.