TalkwalkerLëtzebuerger Start-up gëtt vu kanadescher Entreprise "Hootsuite" opkaf

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Start-up Talkwalker ass zanter 2009 e groussen internationale Player am Monitoring vu soziale Medien.
Lëtzebuerger Start-up gëtt vu kanadescher Entreprise "Hootsuite" opkaf
D’Lëtzebuerger Start-up Talkwalker ass zanter 2009 e groussen internationale Player am Monitoring vu soziale Medien.

Elo gouf d’Firma mat Sëtz um Kierchbierg, déi 2009 vun den zwee jonke Lëtzebuerger Thibaut Britz a Christophe Folschette gegrënnt gouf, vum kanadesche Gigant “Hootsuite”, deen op d’Gestioun vu soziale Medie spezialiséiert ass, opkaf.

D’Lëtzebuerger Start-up Talkwalker ass zanter 2009 e groussen internationale Player am Monitoring vu soziale Medien.

Talkwalker duerchkämmt an analyséiert sozial Medie fir hir Clienten, dorënner Adidas, Orange oder och Luxair. Wéi present ass d’Mark? Gëtt éischter positiv oder negativ iwwert se geschwat? D’kanadesch Firma Hootsuite iwwerdeems proposéiert Léisunge fir d’Gestioun vu soziale Medien. Komplementär Servicer also.

“Talkwalker an Hootsuite sinn zanter 7 Joer Partner. Mir wollten elo e Schrëtt méi wäit goen an eppes Neies schafen, fir eise Cliente weider Virdeeler ze bidden”, seet de Lokdeep Singh, CEO vun Talkwalker.

Den Talkwalker-Matgrënner Christophe Folschette wollt sech net virun der Kamera äusseren, huet säin Enthusiasmus iwwer d’Reprise hannert der Lëns awer net verstoppt.

“Social Media Performance”

Stäerkten zesummeleeën a se dem Client op enger Plattform ubidden. Social Media Performance, dat wär d’Zil vun der Reprise, erkläert d’Irina Novoselsky. D’CEO von Hootsuite war e Méindeg fir d’Reprise zu Lëtzebuerg.

“Eis Industrie evoluéiert. Mir si 5 Milliarde Mënschen, déi all Dag méi wéi 3 Stonnen an de soziale Medie verbréngen. Déi meescht Firme verstinn awer net de Wäert, dee sozial Medien hinne brénge kann. Mir wëllen hinnen dat méi no bréngen. Talkwalker spillt do eng Schlësselroll.”

Talkwalker beschäftegt weltwäit eng 400 Mataarbechter, 120 dovunner zu Lëtzebuerg. An der Vergaangenheet koum et zu Restrukturatioune, bei Talkwalker grad wéi bei Hootsuite. D’Firma vu Vancouver beschäftegt weltwäit iwwer 1.000 Mataarbechter. D’Reprise vun Talkwalker soll net zu engem Plazenofbau féieren. De Plang wär et ze wuessen, also méi ze investéieren, an d’Produiten an an d’Mataarbechter.

Lëtzebuerg soll als Standuert erhale bleiwen. Iwwert de Käschtepunkt vun der Reprise an d’Finanze wollten déi Responsabel sech net äusseren. Just esouvill: Talkwalker wär déi lescht zwee Joer profitabel gewiescht an hätt e Wuesstem am zweestellege Prozentberäich gehat.

Back to Top
CIM LOGO