CGDISLëtzebuerger vum Humanitarian Intervention Team an der Tierkei am Asaz

Lynn Cruchten
Zënter dem 7. Februar sinn ofwiesselend Mataarbechter vum sougenannten HIT, dem Humanitarian Intervention Team, vum CGDIS an der Tierkei am Asaz.
Lëtzebuerger vum Humanitarian Intervention Team an der Tierkei am Asaz
Zënter dem 7. Februar sinn ofwiesselend Mataarbechter vum sougenannten HIT, dem Humanitarian Intervention Team, vum CGDIS an der Tierkei am Asaz.

Hir Aufgab nom schroen Äerdbiewen ass et, fir mat speziellem Satellitten-Equipement d’Kommunikatioun tëscht den Hëllefsekippen op der Plaz ze erméiglechen.

Fir de Christophe Fumanti war et déi éischt Missioun an esou engem Krisegebitt. Hien ass den 19. Februar op Hatay an d’Tierkei gereest. Hie war ugangs opgereegt, well en net genee wosst, wat op e géif duerkommen. D’Zesummenaarbecht sur place mat aneren Experten aus Norwegen a mëttlerweil och Dänemark wier awer ganz gutt gewiescht, seet hien.

D’Lëtzebuerger Mataarbechter sinn net zoustänneg, fir d’Awunner ze betreien, déi duerch d’Äerdbiewe Familljememberen, Frënn oder hiert Doheem verluer hunn, mee ebe fir d’Koordinatioun vun den Hëllefsekippen ze vereinfachen.

Mëttlerweil ass mam Paul Hilbert a Guy Wagener déi 3. Ekipp aus dem Grand-Duché an der tierkescher Stad Hatay am Asaz. Si schaffen den Ament drun, aus dem Zeltcamp eng kleng Container-Stad ze maachen.

Wann déi Containeren, fir d’Hëllefsekippen ze logéieren, bis fäerdeg opgebaut an equipéiert sinn, ass d’Missioun vun de Lëtzebuerger virop fäerdeg. Et ass virgesinn, dass si ëm de 24. Mäerz heemkommen. Bis op Weideres soll dann och kee weidert Team vum HIT an d’Tierkei geschéckt ginn.

© Didier Weber / RTL

Fotoe vun der Plaz fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO