1. Semester 2022Liichten Iwwerschoss bei de Staatsfinanzen

RTL Lëtzebuerg
Mam Bléck op den 30. Juni ginn d'Staatsrecettë vill manner séier erop wéi zejoert, och gi sech déi nächst Méint nach konsequent Ausgaben erwaart.
© MFIN

D’Finanzministesch Yuriko Backes huet virun den Deputéierte vun de Finanz- a Budgets- an der Budgets-Kontroll-Kommissiounen e Méindeg genee déi selwecht Wierder gebraucht, wéi am RTL-Interview virum Weekend.

De Finanzministère schreift, datt d’Recettë vill manner séier géingen evoluéieren ewéi d’lescht Joer. Wat en net schreift, ass, datt d’Recetten d’lescht Joer méi geklomme ware par Rapport zu 2020, well dat Joer jo d’Ekonomie méintelaang ganz zou war.De Ministère erwaart sech awer fir déi nächst Méint nach konsequent Ausgaben, notamment wéinst den Decisiounen an der Tripartite an den Energiebäihëllefen.D’Staatsrecetten, déi duerch d’Finanzamt akasséiert goufen, chiffréiere sech nom 1. Semester op 10,3 Milliarden, iwwerdeem d’Progressioun nëmmen nach d’Hallschent am Verglach zu zejoert ausmécht.D’Recetten duerch den Tanktourissem an d’Vente vu Brennes a Sprit sinn am Verglach mat zejoert bis lo stabel bliwwen. Mee d’Co2-Steier weist Wierkung: sou sinn d’verkaaft Literen Diesel am Verglach zu 2019 ëm e Fënneftel zeréckgaangen.D’Ausgabe vum Staat maachen iwwerdeem 11,1 Milliarden aus. Aktuell huet de Staat en Iwwerschoss vun 1,1 Milliarden. Rechent een d’Gemengen an d’Sozialkeesen eraus, da mécht den Zentralstaat just nach en Iwwerschoss vun 209 Milliounen Euro. De Finanzministère fäert awer och, datt dës Mouk zolidd wäert zeréckgoen - dat wäert sech och am Budgetsprojet 2023 erëmspigelen, deen den 12. Oktober an der Chamber deposéiert gëtt - deen éischte fir d’Yuriko Backes an hirer Funktioun als Ministesch.RTL géintiwwer sot d’Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun, datt d’blo Ministesch e Méindeg quasi eng “Weltënnergangs-Ambiance” skizzéiert hätt - allemol ass der CSV-Deputéiert Diane Adehm no genuch Sputt do, fir d’Steiertabelle vun der Inflatioun ze berengegen, well d’Zuelen allgemeng gutt wieren.

PDF: Tabelaux vum 30. Juni 2022

Back to Top
CIM LOGO