Ënnert dem Motto “Gerechtegkeet fir d’Ukrain - Fridde fir Europa” huet d’ASBL LUkraine e Samschdeg zu engem Solidaritéitsmarsch opgeruff, fir den drëtte Joresdag vum Krich an der Ukrain ze markéieren. Lass goung et um 14 Auer op der Stater Gare. D’Organisateure wëllen e kloert Zeeche setzen, fir ze weisen, datt een net acceptéiert, datt ee mat imperialistescher Force zu sengem kënnt.
Vun der Paräisser Plaz, bis erof bei d’Stroossbuerger Strooss. E puer Honnert Leit sinn dem Opruff vun der Asbl LUkraine nokomm, an hu sech vun der Gare aus, op de Wee an d’Uewerstad gemaach. Eng Marche, bei där nieft ukraineschen a Lëtzebuerger Fändelen, virop där vu Staaten, déi direkt un der Grenz mat Russland leien, opgefall sinn.
Eng Marche, fir Gerechtegkeet a Fridden: “Wäerter fir déi är Eltere scho gekämpft hunn. An dorëms geet et och Haut. Eis Kanner, déi nächst Generatiounen, och si verdéngen et an enger gerechter Welt, a Fridden ze liewen. Sie verdéngen et dat déi Wäerter héich gehale ginn. An net zerstéiert ginn”, sou d’Organisateuren.
Och op der Clairefontaine-Plaz, wou a Presenz vun enger ganzer Rei Ambassadeuren, vun Alliéierte vun der Ukrain, Riede gehale goufen, gouf séier kloer, wéi brutal d’verbal Attacken, dës Woch vum Amerikanesche President Trump, d’ukrainescht Vollek getraff hunn.
De President vun der Asbl LUkraine, Nicolas Zharov: “Mir wëlle Fridden. Ma Fridden, ouni Gerechtegkeet, dat ass kee Fridden. Fridden ouni Gerechtegkeet, dat ass Soumissioun. Dat ass Kapituléieren. Dat ass eng Invitatioun fir Tyrannei. Déi ëmmer an ëmmer nees zeréck kënnt. Mir hunn dat alles schonn erlieft. All déi esou genannt Waffestëllstänn goufe vu Moskau benotzt, fir d’Waffe frësch ze lueden.”
D’Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz, huet sech, Tréinen an den Aen, direkt un den amerikanesche President Trump geriicht: “Dir Här Trump. Ech soen Iech: Et mécht een net e Land nees grouss an deem ee Ligen erzielt. An deem een Haass verbreet. Mir wäerten dat nimools zouloossen.”
Tréinen. Där sinn der e Samschdeg de Mëtteg méi wéi eng gefloss. Wéi d’Nimm vun ukrainesche Stied virgelies goufen, an deene virun 3 Joer oft nach méi wéi 100.000 Mënsche gelieft hunn. An déi Haut praktesch dem Buedem gläich sinn, platt gemaach vu russesche Bommen.
Un d’Politiker hei an Europa war et direkt e puer Mol de Message z’erwächen, mat och dem Reproche, datt d’Ukrain déi lescht Joren net genuch, net séier genuch Waffe geliwwert krut, fir d’Russen op d’Knéien ze kréien. Ukrainer déi net just fir hiert Land, géint den Terror vum Putin kämpfen. An déi op kee Fall opgi wäerten.
“D’Ukrain wäert sech ni geschloe ginn. Egal wéi vill se probéiere wäerten, ons roueg ze stellen. Mir wäerte schwätzen. Egal wei vill se probéiere wäerten, eis ze zerbriechen. Mir wäerten opstoen. Egal wei däischter d’Nuecht si wäert. D’Sonn wäert nees opgoen. Gleeft weider un d’Ukrain”, sou d’Natalia Anoshyna, Chargé d’Affaires vun der ukrainescher Ambassade bis d’Belsch a Lëtzebuerg.