
Eng 200 bis 300 Persounen hate sech zesummefonnt. De Michel Legrand, Comitésmember a fréiere President vum CPJPO hëlt virun allem déi Europäesch Unioun an d’Flicht: “D’EU ass de gréissten ekonomesche Partner vun Israel. Si hunn et gepackt, ganz séier Sanktioune géint Russland ze decidéieren, wéinst dem Ukrainkrich. Am Fall vum Konflikt tëscht Israel a Palästina ginn et keng Sanktiounen. Mir hoffen, dass et endlech zu Sanktioune kënnt.”
D’Rabiaa Alprasi ass Syrerin an huet och matdemonstréiert. Si ënnerstëtzt Palestina scho méi laang an hofft virun allem, datt d’Gewalt géint Kanner op een Enn kënnt: “Ech géif der Welt gären d’Leide vun de Kanner, besonnesch an der Gazasträif, weisen. Mir si géint d’Ëmbrénge vu Kanner, onofhängeg vun hirer Identitéit.”
Zu Lëtzebuerg huet et an deene leschte Wochen eng Partie Manifestatioune ginn, fir entweder op d’Leed an Israel oder Gaza opmierksam ze maachen respektiv, fir Fridden am Noen Osten ze fuerderen.