Zu enger Manifestatioun fir e Waffestëllstand an der Gazasträif koum et e Samschdeg de Mëtteg um 14.30 Auer virun der US Amerikanescher Ambassade um Lampertsbierg.
Als Ënnerstëtzer vun Israel wären d’USA mat schëlleg un de Krichsverbriechen géint palestinensescht Vollek, esou den Organisateur, de “Comité pour une Paix juste au Proche-Orient”. 3 Méint Bombardementer hätte vill onschëlleg Liewe kascht.
D’Manifestanten hunn och op déi humanitär Kris opmierksam gemaach, well net genuch Hëllefsgidder an d’Palestinensergebitt eragelooss géifen. D’Associatioun CPJPO rifft d’Lëtzebuerger Regierung dozou op, d’Plainte vu Südafrika géint Israel um Internationale Strofgeriichtshaff z’ënnerstëtzen.