Verdächtege festgehollMann fält no Sträit vu Bréck a stierft

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch koum et géint 1 Auer zu engem Sträit tëscht 2 Männer an der Hollerecher Strooss an der Stad.
© Didier Weber / RTL

Wéi d’Police schreift, wier ee vun de Männer wärend dem Sträit vun enger Bréck an d’Déift gefall. Ob hie gestouss oder gefall ass, geet net aus dem Police-Bulletin ervir.

Eng Policepatrull huet d’Affer kuerz drop schwéier blesséiert aus der Péitruss gebuergen. D’Beamten hunn nach versicht, de Mann ze reaniméieren, bis d’Rettungsekippen op der Plaz waren, ma fir de Mann sollt all Hëllef ze spéit kommen. Hien ass nach op der Plaz gestuerwen.

Eng Enquête vun der SPJ gouf ageleet an op Uerder vum Parquet gouf ee Verdächtege festgeholl. Hie kënnt nach e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO