
Wéi d’Police matdeelt hat de Mann eng Fra bei sech heem invitéiert, déi hien op enger Dating-Plattform kennegeléiert huet. Wéi déi zwee sech an der Wunneng vum Affer opgehalen hunn, huet et op ee Mol un der Dier geschellt.
D’Fra hätt d’Dier opgemaach, wouropshin dräi Männer an d’Wunneng komm wieren. Si hätten de Mann mat enger Schosswaff menacéiert a Sue vun him verlaangt. Wéi dëse sech gewiert huet, hätte si hie geschloen an op de Buedem gestouss. Duerno hätte si säi Laptop a säi Smartphone geholl a wieren zesumme mat der Fra geflücht.
D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.