ZeienopruffMann gouf den 17. Abrëll zu Nouspelt vun hannen op de Kapp geschloen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police elo matdeelt, koum et e Sonndeg am Festzelt zu Nouspelt zu engem Fall vu kierperlecher Gewalt.
© Police Archivbild

Géint 3 Auer gouf do e Mann vun engem onbekannten Täter vun hannen op de Kapp geschloen, wourop dëse gefall ass.

An deem Zesummenhang sicht d’Police no eventuellen Zeien, déi d’Dot gesinn hunn oder aner nëtzlech Hiweiser zum Täter liwwere kënnen.

All Informatioun ass fir d’Police vu Capellen um +352244 30 1000 oder per E-Mail op police.capellensteinfort@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO