Haislech Gewalt zu EschMann hält sech net u Kontaktverbuet a gëtt festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie gouf zu Esch e Mann festgeholl, dee géint eng riichterlech Decisioun, sech vun der Wunneng an der Partnerin ewechzehalen, verstouss hat.
© RTL-Archiv

De Mann hat seng Partnerin menacéiert. Op der Plaz huet d’Police de Verdächtegen ugetraff an huet de Parquet informéiert, deen doropshi seng Festnam ordonéiert huet. De Mann gouf e Freideg am Nomëtteg dem Untersuchungsriichter virgefouert.

D’Police mellt dann och nach ee presuméierten Drogendealer, deen an der Nuecht op e Méindeg an der Rue Adolphe Fischer op der Gare gepëtzt gouf. Och hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a gouf e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht.

Back to Top
CIM LOGO