
Éischten Informatiounen no huet den Täter d’Mataarbechter mat enger Schosswaff menacéiert, ier e Boergeld an Zigarette geklaut huet a sech duerch d’Bascht gemaach huet. Hien ass mat engem als geklaut gemellten Auto geflücht. Beim Virfall gouf kee blesséiert.
D’Police huet d’Sich nom Verdächtegen direkt opgeholl an hat dann och Succès. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Täter festgeholl.