
Eng Policepatrull huet de Mann an der Rue Auguste Tremont um Cents ugetraff a kontrolléiert. Et konnt eng Gasdrockpistoul bei him séchergestallt ginn. En uschléissenden Alkoholtest war positiv an hie krut de Fürerschäin ewechgeholl. Ma och en Drogentest huet ugeschloen an hie krut nach e Protokoll.
Am Virfeld hat d’Police kuerz virun 18 Auer eng Ausernanersetzung tëscht zwou Persounen an der Avenue de la Gare gemellt kritt. Et huet sech erausgestallt, dass ee vun den implizéierte Persounen an engem Buttek eppes agestach hat an dono wollt flüchten. Wéi dës Persoun vun e puer Mataarbechter gestoppt gouf, huet den Onbekannten ee vun hinne mat enger gliese Fläsch geschloen. Dat huet him net vill gehollef, wéi d’Police op der Plaz war, gouf hien op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.