
Beim Asaz gouf dunn nach e Beamte blesséiert. E Sonndeg de Moie war, wéi d’Police schreift, zu Rodange an der Rue Font d’Olière eng Persoun mat enger Glasfläsch blesséiert ginn, déi vun de Rettungsdéngschter éischtversuergt gouf an du fir eng Behandlung an d’Spidol koum. Op der Plaz hunn d’Beamten dunn erausfonnt, datt et wuel op der Héicht vun der Tankstell e Sträit tëscht dem Affer an dem Täter gouf, deen allerdéngs net méi do war.
Op der Plaz waren awer eng Rei Persounen, vun deene sech ee Mann donieft beholl an ee Polizist esouguer blesséiert huet. D’Beamten hunn de Mann doropshin immobiliséiert a wéinst Rebellioun an Beamtebeleidegung protokolléiert. Bei enger weiderer Kontroll huet sech ausserdeem erginn, datt de Mann mam Auto gefuer ass, obwuel hien ze vill gedronk hat a schonn zwee Fuerverbueter géint hie virlouchen. De Parquet, deen iwwer de Virfall informéiert gi war, huet ordonéiert, de Mann festzehuelen.