EschMann wéinst Kierperverletzung festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend krut d'Police géint 18.45 Auer virun der Gemeng zu Esch eng Kläpperei tëscht zwee Männer gemellt.
© Police

Wéi d’Beamten op d’Plaz komm sinn, ass ee vun de Männer fortgelaf an huet e Messer ewechgehäit. Hie konnt kuerz drop vun der Police gestallt ginn.
Éischten Informatiounen no koum et virdrun zu enger verbaler Ausernanersetzung, déi an eng kierperlech Ausernanersetzung iwwergaangen ass. D’Affer gouf an d’Klinick bruecht.

Op Uerder vum Parquet goufen d’Géigestänn, déi bei der Kläpperei benotzt goufen, saiséiert an de presuméierten Täter festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO