Neijoerschpatt vu Fokus“Mat Schwaarz-Blo bis 2028 op Päischtcroisière”

Raphaëlle Dickes
"Lëtzebuerg huet méi verdéngt". Där Meenung ass d’Partei Fokus. Virop a Punkto Éierlechkeet, Transparenz a Visioune fir d’Land.
Neijoerschpatt vu Fokus
“Lëtzebuerg huet méi verdéngt”. Där Meenung ass d’Partei Fokus. Virop a Punkto Éierlechkeet, Transparenz a Visioune fir d’Land.

D’Partei ëm de fréieren CSV-President Frank Engel – dee sech awer aus der éischter Rei zréck gezunn huet - begréisst eng strukturell Steierreform, déi d’Individualiséierung aféiert. Ma d’Reform vun CSV-DP wär ee Loftschlass, fënnt de Parteipresident Marc Ruppert. Wichteg Froen iwwer de Géigefinanzement an d’Philosophie vun der Reform wären net gekläert.

“Mir stelle fest, datt et kee Géigefinanzement gëtt an datt mer eigentlech net wëssen, wat dat och fir de Wuesstem bedeit. Wéi vill Wuesstem brauche mer dofir? Wat bedeit dat fir de Logement, fir d’Mobilitéit, wann ëmmer méi Leit mussen an d’Ausland wunne goen. Wéi kréie mer déi strukturell Problemer gestemmt, déi säit 30 Joer zouhuelen? Esou net, well e Plang hu se net presentéiert, wéi se dat wëllen ugoen.”

Et wär dat Einfachst vun der Welt mat 800 bis 900 Milliounen Euro Zousaz-Ausgaben eng Steierreform ze maachen. Do drop nach 500 Milliounen Euro Depense fir d’Verdeedegung och ouni Géigefinanzéierung. D’Regierung hätt kee laangfristege Plang fir d’Land, esou de Virworf. No sëllege politeschen Defaiten - geplatzte Pensiounsreform oder Regierungsëmbildung - géing et net drëm, Lëtzebuerg méi staark ze maachen, mee Zil wär just, déi schlecht Sondagewäerter vum Premier Luc Frieden ze verbesseren.

Deemno géif d’CSV-DP Regierung d’Leit mat op d’Päischtcroisière huelen. An zwar bis d’Walen am Oktober 2028. Wat duerno kéim, wär zweetrangeg.

Fir esou eng Politik ze verhënneren, bleift Fokus och 2026 bei enger vun hire Kär-Fuerderungen: eng Zukunftskommissioun an der Chamber, wéi et se a Finnland gëtt. Dës géif hëllefen eng laangfristeg Politik gemaach ginn. An alle Beräicher.

“D’Alternativ mat Vernonft”, mat dësem Zousaz am Numm wëll Fokus an Zukunft Leit uschwätzen, déi eng Alternativ sichen zur Mëtt, awer dës net bei der “ganz rietser” ADR fanne wëllen. Zejoert hätt ee Konzepter wéi de “biergerlechen Déngscht” oder d’Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch an d’Spill bruecht. Och wëll d’Partei mat hiren 220 Membere sech weider abréngen a Punkto Wuesstemsproblematik, Logementsproblem, der Bildung an an anere gesellschaftspoliteschen Themen.

Back to Top
CIM LOGO