Fuerschung zu LëtzebuergMat Wäermebildkameraen Héichwaasser viraussoen

RTL Lëtzebuerg
D'Fuerscher vum LIST si mat déi éischt op der Welt, déi Wäeremebildkamerae fir d'Previsioun vun Héichwaasser asetzen.
Fuerschung zu Lëtzebuerg: Mat Wäermebildkameraen Héichwaasser viraussoen
D’Fuerscher vum LIST si mat déi éischt op der Welt, déi Wäeremebildkamerae fir d’Previsioun vun Héichwaasser asetzen.

Bei enger Rei Baachen a Flëss zu Lëtzebuerg setzen d’Fuerscher vum Luxembourg Institute of Science and Technology Wäermebildkameraen an, fir d’Entstoe vun Héichwaasser ze analyséieren. Si sinn esouguer mat déi éischt op der Welt, déi dës Technik fir hir Fuerschung asetzen.

Wéi den Hydrolog Laurent Pfister eis erkläert, erkennt een op de Biller vun de Wäermebildkameraen, datt d’Waasser am Flossbett net iwwerall déi selwecht Temperatur huet. Am Wanter wieren d’Ënnerscheeder awer net esou grouss.

Unhand vun der Temperatur kann een dem Hydrolog no erausfannen, vu wou d’Waasser an d’Baach leeft a wéi laang et dofir brauch. Esou kéint een Héichwaasser besser viraussoen. Dofir muss een nämlech net just kucken, wéi vill et reent, mä och verstoen, wat de Reen mam Waasser, dee schonn am Buedem ass, mécht.

D’Donnéeë vu Wäermebildkameraen eleng ginn awer net duer, fir Héichwaasser virauszesoen, mä se droen dozou bäi.

Back to Top
CIM LOGO