
"Natierlech muss et op Grond vun der Virus-Mutatioun Tester ginn, awer mir mussen alles dofir maachen, dass d'Pendler ouni Restriktiounen op hir Aarbechtsplaze kommen", sou de Jean Asselborn dem RND géigeniwwer.
Hien ënnersträicht hei, dass Lëtzebuerg op Grenzpendler ugewisen ass: "60% vun de Beschäftegten an eise Spideeler, Alters- a Fleegeheemer si Grenzgänger. Wann dës Frontalieren net méi areese kënnen, da brécht de Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg zesummen."
Net-noutwenneg Reese sollen evitéiert ginn, ma et dierft een den honnertdausende Frontalieren d'Liewen awer net onnéideg schwéier maachen, esou de Jean Asselborn am Interview géigeniwwer dem "Redaktionsnetzwerk Deutschland".
Den Ausseminister huet dann och d'Hoffnung, dass et net zu béisen Iwwerraschungen am Kader vu Grenzschléissunge géif kommen, wéi dat jo am Fréijoer 2020 de Fall war, wou d'Grenze jo quasi iwwer Nuecht mat Lëtzebuerg a Frankräich zougemaach goufen.