Belsch a Lëtzebuerger MedienMataarbechterin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz wéinst Mënschenhandel festgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Fra gouf festgeholl bei enger internationaler Aktioun, un där kolumbianesch, belsch, mee och US-amerikanesch a spuenesch Autoritéite bedeelegt waren.

Ewéi et heescht handelt et sech bei der verdächteger Mënschenhändlerin ëm eng gebierteg Kolumbianerin, déi zu Arel wunnt.

Si soll 20 Joer laang d’Cheffin vun engem vun de gréisste Reseaue vun Mënschenhandel a sexueller Ausbeutung an der Belsch an an Europa gewiescht sinn. Zesumme mat hirem Partner an hire Komplizen zu Cali a Kolumbien hätt si Mënschen an Europa gelackelt, fir se dann an d’Prostitutioun ze zwéngen.

An där ganzer Zäit soll si en duebelt Liewe gefouert hunn. Bei fréiere Kolleege soll si e gudden Androck hannerlooss hunn. D’verdächteg Mënschenhändlerin schafft bei der Croix-Rouge hei zu Lëtzebuerg. Bis 2018 war si och Personaldelegéiert fir den OGBL bei Zeeman.

D’Lëtzebuerger Wort krut dat confirméiert.

Bis en Uerteel gesprach ass, gëllt d’Présomption d’innocence

Back to Top
CIM LOGO