DP-DeputéiertenMax Hahn gëtt neie Budgetsrapporter

RTL Lëtzebuerg
Den DP-Deputéierte Max Hahn ass e Méindeg an der Chamber Finanz- a Budgetskommissioun als Budgetsrapporter designéiert ginn.
© DP

Den 41 Joer ale liberale Politiker vun Dippech schreift also de Rapport iwwert de Budgetsprojet fir 2023, deen d’Finanzministesch am Oktober soll deposéieren. Am Dezember gëtt normalerweis iwwert de leschte Budget virun den nächste Walen ofgestëmmt.

D’lescht Joer war den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana Budgetsrapporter. Déi Blo-Rout-Gréng Koalitioun war sech iwwert ee Roulement eens ginn, bei deem op fënnef Joer gekuckt zwee Deputéiert vun der DP a vun der LSAP an ee vun deene Grénge Rapporter fir de Budget ginn.

D’Gesetz iwwert de Staatsbudget gëtt a politesche Kreesser als wichtegst Gesetz vum Joer bezeechent. Ausser Recommandatiounen a Bemierkungen ännert de Rapporter meeschtens näischt um Projet, sou wéi d’Regierung en deposéiert. Et gouf an der Vergaangenheet awer scho Mol Amendementer.

Back to Top
CIM LOGO