Sam TansonMéi Vereinfachungen an Transparenz duerch neit Gesetz fir ASBLen

Diana Hoffmann
Monica Camposeo
En Dënschdeg de Moien huet d'Justizministesch Sam Tanson de Projet de loi fir ASBLe virgestallt.
Neit Gesetz fir ASBLen
En Dënschdeg huet d’Justizministesch Sam Tanson de Projet de loi fir ASBLe virgestallt. Et wier eng Vereinfachung fir de Secteur, huet si dobäi betount.

Et wier eng Vereinfachung fir de Secteur, huet si dobäi betount. An als Beispill ugefouert, dass d’Memberslëschten net méi missten all Joer deposéiert ginn. De Registre du Commerce an de Registre des bénéficiaires effectifs (RBE) géinge besser matenee verbonne ginn, sou datt d’Donnéeë just nach missten op enger Plaz deposéiert ginn. Doriwwer eraus sollen Assembléeën an Zukunft och kënne per Videokonferenz ofgehale ginn.

Op där anerer Säit wäerten et méi kloer Reegele ginn, wat d’Comptabilitéit betrëfft. Dës betrëfft d’ASBLen awer ënnerschiddlech, jee no hirer Gréisst. Hei wäerten et dann 3 Kategorië ginn. Dës ënnerscheede sech jee no der Unzuel vun de Salariéen, wéi vill Revenu geréiert gëtt a wéi vill Effectif do ass. D’Fondatioune sinn do souzesoen hors Kategorie. Och hir Gréisst ass net maassgeeblech. Bei den ASBLe gëllt : “Wat natierlech méi eng grouss Kategorie, wat d’Verflichtungen um Niveau comptable méi héich sinn”, wéi d’Sam Tanson ënnersträicht.

Neit Gesetz fir ASBLen / Rep. Diana Hoffmann

Déi kleng ASBLe mat maximal 3 Salariéeën, ënner 50.000 Euro Revenu, an engem Effectif vu manner wéi 100.000 Euro mussen da just eng vereinfacht Comptabilitéit maachen. Anescht bei groussen ASBLen, mat iwwer 15 Salariéeën, engem Revenu vun iwwer 1 Millioun an engem Eegekapital vu méi wéi 3 Milliounen. Si wäerte mussen e gutt Stéck méi Informatiounen ofginn an den annuelle Kontroll vun de Konte muss vun engem Reviseur d’entreprises agrée gemaach ginn. Dat Selwecht och bei de Fondatiounen.

Zu Lëtzebuerg ginn et eng 220 Fondatiounen an eng 8.000 ASBLen. Wéi vill dovunner awer wierklech nach aktiv sinn, ass just bei de Fondatioune gewosst, well dëst kontrolléiert gouf. Bei den ASBLe weess een et dogéint net, woufir et wichteg wier, fir sech och hei déi néideg Moyene ze ginn, fir dat ze kontrolléieren, seet d’Sam Tanson. Dëst, dass déi Asblen, déi net méi aktiv sinn, kéinten opgeléist ginn.

Dat neit Gesetz wier néideg fir ze weisen, dass dat ganz normal Fluxen u Gelder sinn, déi an deem Secteur géinge fléissen, seet d’Justizministesch. Dëst notamment och en vue vun der Groupe d’Action financière (Gafi)-Evaluatioun, wou ee misst weisen, datt een d’Kontroll iwwert de Secteur hätt.

De Projet de loi soll dann am Hierscht op den Instanzewee geschéckt ginn. D’Ministesch betount och, dass ee wäert eng Plaz schafen, wou ee sech bei Froen kann iwwert déi nei Dispositiounen informéieren.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Sam Tanson a présenté le nouveau cadre légal pour les associations et fondations (13.07.2021)
Communiqué par: ministère de la Justice

PDF Powerpoint fir PK

Back to Top
CIM LOGO