De Premier an d’Gesondheetsministesch trieden dann e Mëttwoch de Moie virun d’Press. Eigentlech gëllt dat neit Covid-Gesetz nach bis Enn Februar, ma dat kéint awer net esou bleiwen. De Regierungsrot koum da schonn um Dënschdeg de Mëtte beieneen, fir op déi aktuell Corona-Situatioun an d’Neiinfektiounen ze reagéieren, déi jo an d’Luucht ginn. Déi RTL-Informatioun gouf dann och via Communiqué bestätegt.
Dat neit Covid-Gesetz ass mol nach keng Woch al, elo kuerz virun de Feierdeeg soll nach emol nogebessert ginn an zum Deel méi streng Mesuren agefouert ginn. De Vize-Premier François Bausch sot am RTL-Interview, datt een net a Panik wier, mä datt d’Mesurë präventiv sollen nogebessert ginn. Detailer zu de Mesurë wollt hie keng ginn.
Bis Enn der Woch kéint d’Chamber en adaptéiert Gesetz stëmmen. RTL-Informatiounen no géif et virop drëms goe gréisser Rassemblementer ze verhënneren. Esou kéint am Horeca-Secteur nees eng Spärstonn vun 23 Auer un agefouert ginn. D’Covid-Task-Force huet um Méindegowend der Regierung néi Modelléierunge mat der méi ustiechender Omikron-Variant presentéiert, eng wesentlech Mesure wier d’Testen. Géife sech d’Hallschent vun de Residenten zwee Mol d’Woch selwer Testen, kéinten d’Infektiounszuele staark ausgebremst ginn. Eng Méiglechkeet dëst ëmzesetzen, wier et wéi am Ausland en 2G+ Regime anzeféieren, datt also och Geimpften oder Leit, déi de Virus schonn haten, sech mussen teste loossen. Op esou eng Mesure um Enn géif kommen, wier eng politesch Decisioun.
Nieft dem Teste bleift d’Impfen och géint d’Omikron-Variant wesentlech. Eng drëtt Impfung géif och bis zu 75 Prozent virun Ustiechunge mat der neier Variant schützen. Op Nofro huet d’Santé konforméiert, datt an der Woch vum 6. bis den 12. Dezember d’Omikron-Variant 5 mol nogewise gouf.
Fir Leit, déi sech méi spéit decidéieren, sech impfen ze loossen, gëtt et vu Mëtt Januar un eng Méiglechkeet, sech a 5 Testzentere vun der Arméi testen ze loossen. 150 Zaldote wieren hei am Asaz fir bis zu 10.000 Schnelltester pro Dag kënnen ze maachen, esou den Arméisminister François Bausch. Persounen, déi nach net vollstänneg geimpft sinn, kënne sech hei gratis teste loosse fir den 3G op der Schaff. D’Offer leeft bis den 28. Februar.
Déi Zentere kommen op de Fridhaff, op Jonglënster, an de Süde bei de Rond-point Raemerich an an d’Stad op de P&R Sud. E 5. Zenter ass och nach an der Stad geplangt, eventuell um Parking vun der Luxexpo. Dat muss awer nach mat der Stad Lëtzebuerg gekläert ginn.
Bis Mëtt Februar kann een dann, fir schaffen ze goen, a wann ee schonn eemol geimpft ass, sech do teste loossen. Et parkt een, klëmmt eraus a mécht den Test. Dat dauert eng 15, 20 Minutten, huet den Arméiminister François Bausch am RTL-Interview erkläert.
Dat Ganzt geet mat Rendez-vous, deen ee kann zwou Wochen am Viraus huelen.
E Mëttwoch de Moien um 9 Auer kënnt de Büro vun der Chamber zesummen, da geet de Projet de loi bei de Staatsrot an an déi zoustänneg Kommissioun a soll e Freideg de Moie gestëmmt ginn.
De Staatsministère huet en Dënschdeg kuerz virun 13 Auer matgedeelt, dass e Mëttwoch de Moien um 9.45 Auer e Pressebriefing ass, fir iwwert d’Decisiounen am Regierungsrot z’informéieren. Dëse gëtt am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.