Europäesche Stabilitéitsmechanismus"Mir garantéieren d'Eurozon", esou den ESM-Generaldirekter Pierre Gramegna

RTL Lëtzebuerg
Den ESM ass keng europäesch Institutioun, respektiv Agence, ma steet just den 20 Staaten, déi den Euro als Wärung hunn, zur Verfügung.
"Mir garantéieren d'Eurozon", esou de Pierre Gramegna
Den ESM ass keng europäesch Institutioun, respektiv Agence, ma steet just de 20 Staaten, déi den Euro als Wärung hunn, zur Verfügung.

Dës Woch huet d’EU-Kommissioun direkt siwe Memberlänner, dorënner fënnef grouss Euro-Länner, opgefuerdert, Spuermesuren ze huelen, well se deels eng enorm Staatsschold hunn. De Pierre Gramegna, fréiere Finanzminister zu Lëtzebuerg an aktuelle Generaldirekter vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM), huet an deem Kader am RTL-Interview doriwwer geschwat, wéi eng Bedeitung seng Institutioun fir d’Eurozon huet. Den ESM gouf 2012 no der Finanzkris gegrënnt a soll assuréieren, datt d’EU-Memberlänner solvabel bleiwen.

“Mir si wéi eng Feierassurance. Mir garantéieren d’Eurozon. A wann een eng Feierassurance huet fir säin Haus an et brennt, dann ass ee frou, wann een eng Assurance huet. Mä wann et net brennt, dann annuléiert ee seng Assurance net. Mir sinn also just duerch de Fait, dass mer bestinn, dass mer existéieren, en immense Réckhalt fir d’ Kredibilitéit vum Euro.”

Eent vun de Länner, dat dës Woch zum Spueren opgefuerdert gouf, ass Frankräich. Do si geschwënn Neiwalen an et zeechent sech of, datt de rietspopulistesche Rassemblement National sech eng éischte Kéier ganz gutt Chancë kann ausrechnen. De Pierre Gramegna huet an deem Kader erkläert, wéi een Effekt politesch Onsécherheeten op d’Finanzmäert kënnen hunn.

“Et ass kloer, dass, wéi d’Annonce komm ass, dass Walen am Frankräich wären, dass do méi Onsécherheet war, wéi an anere Länner. [...] Haut bezilt Frankräich 0,3 méi, wéi virun den Europaparlamentswalen. Dat ass awer och elo net dramatesch. Mee dat ass natierlech en Zeechen, dass d’Investisseure sech e bësse Suerge maachen. Well richteg ass jo och, d’Finanzmäert hunn alles gär, mee net d’Onsécherheet.” Trotzdeem dierft een d’Situatioun och net iwwerspëtzen.

Den ESM hëlleft virop de Memberlänner, déi sech ze héich verschëllt hunn. Ma och Banke wier schonn indirekt gehollef ginn, erkläert de Generaldirekter vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus.

“Mir hunn en fait siwen Instrumenter am ESM a verschiddener, déi sinn ebe fir d’Rekapitalisatioun vun de Banke virgesinn. An engem Traité, deen elo bal ratifizéiert ass vun alle Länner, ass et och esou, dass mir eng additionnell Protektioun ginn, zu deem Fong, deen d’Banken elo selwer opgestallt hunn am Kader vun der Bankenunioun.”

Europa hätt geléiert aus der Finanzkris, an haut stéingen d’Banke vill méi zolidd do, esou d’Conclusioun vum Pierre Gramegna.

Den Europäesche Stabilitéitsmechanismus ESM kritt en neit Gebai um Kierchbierg

Den Europäesche Stabilitéitsmechanismus ESM ass e Krisen-Instrument, wat 2012 aus der griichescher Scholdekris eraus gebuer gouf. Méi genee gouf den ESM geschaf, fir Staaten oder och Banken aus der Eurozon, déi a grouss finanziell Schwieregkeete geroden, ze ënnerstëtzen a fir zur Stabilitéit vun der europäescher Wirtschaft bäizedroen.

''En ass net méi ewech ze denken”, sou de Finanzminister Gilles Roth um Donneschdeg bei senger Arrivée op der Joresreunioun vum ESM. De Lëtzebuerger Finanzminister huet ugekënnegt, datt en neit Gebai fir den ESM hei um Kierchbierg gebaut géif ginn.

© Jeannot Ries / RTL

Am Sëtz hei zu Lëtzebuerg schaffen eng 230 Mataarbechter aus net grad 50 Natiounen. Zanter Dezember 2022 ass de fréiere Finanzminister Pierre Gramegna Generaldirekter. Deen zesumme mat senge Mataarbechter wichteg Dokumenter ausschafft. Zum Beispill, wéi grouss den Ament d’Capacitéit vum ESM ass, Prêten z’accordéieren.

''D’Zil vun dësem Dokument ass et ze bewäerten, ob d’finanziell Instrumenter vum ESM den Erwaardunge gerecht ginn. Ob se a ganz usprochsvollen Zäite mat weltwäite Krise fit sinn.”

Dat lescht Wuert, wat déi grouss strategesch Decisiounen ubelaangt, hunn déi 20 Finanzminister aus der Eurozon, déi um Donneschdeg hei zu Lëtzebuerg zesumme waren. E Meeting, bei deem net just de Joresrapport ofgeseent gëtt. Do gëtt zum Beispill och decidéiert, wéi de Benefice iwwer 300 Milliounen Euro benotzt gëtt.

Fir d’Emissioun vun den Obligatiounen ass d’Salle des Marchés zoustänneg. Där sougenannt Bills, op kuerz Zäit, déi e grousse Succès kennen. Den ESM huet do eng 1.800 Clientë weltwäit.

Bannent de leschte Joren hunn Irland, Portugal, Spuenien, Zypern a Griicheland vum Mechanismus profitéiert. Prêten all Kéiers a Milliardenhéicht, déi iwwer e laangen Zäitraum lafen zu niddregen Zënsen. Ob e Staat Geld geléint kritt, decidéieren déi 20 Staaten unanime. An Däitschland muss zum Beispill och de Bundestag gréng Luucht ginn.

Den ESM huet d’Capacitéit, eng gesamt Zomm u Prête bis zu 500 Milliarden Euro auszebezuelen. Vun deene stinn den Ament 422 Milliarden zur Verfügung.

De Communiqué aus dem Finanzministère fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO