"Alles Normal - Lëtz Celebrate Inclusion""Mir wëllen alleguer deelhuelen", seet de Sascha Lang iwwert d'Inclusioun

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg an e Sonndeg ass de groussen Event am Forum Geesseknäppchen zu Hollerech, bei deem Inclusioun am Vierdergrond steet.
Interview Sascha Lang
De Mann, dee selwer Blann ass, huet iwwert den Event “Alles Normal - Lëtz Celebrate Inclusion"geschwat.

Dofir war de Sascha Lang am Journal e Samschdeg den Owend invitéiert. De Mann, dee Selbstänneg ass an zanter iwwer engem Joer am Familljeministère schafft, ass zanter sengem drëtte Liewensjoer blann.

Hie selwer bezeechent sech als eng Persoun, mat enger Aschränkung an duerch déi Aschränkung resultéiert eng Behënnerung. All Mënsch mat enger Aschränkung fillt sech anescht behënnert, esou de Sascha Lang. Hie selwer fillt sech wéineg ageschränkt, et gi just e puer Saachen, déi hien net esou maache kann, wéi hien et u sech wéilt. Mat deem Event am Forum Geesseknäppchen wëll een dës Aschränkunge méi visibel maachen.

Organiséiert gouf den “Alles Normal - Lëtz Celebrate Inclusion” am Kader vum Plan d’action handicap, dee vun 2019 bis 2024 leeft. Ee vun den Ziler ass et, datt d’Acteuren an där Zeen, wéi de Sascha Lang et nennt, emol zesummekommen a sech kenneléieren. Ëmmerhin huet een iwwer 50 Exposanten an 20 Experte bei dësem Forum dobäi. An zweete Volet ass et, der Gesellschaft emol ze weisen, wat et schonn alles gëtt, mä och ze weisen, u wat et nach alles feelt. Och goufe Crashcoursen ugebueden, wou d’Leit sech e bësse konnten erafillen, wéi et ass, mat enger Behënnerung ze liewen.

Op d’Inclusioun ugeschwat, seet de Sacha Lang, datt dëst en einfache Begrëff ass. “Mir wëllen alleguer deelhuelen. Dat heescht, et soll méiglech sinn, datt jiddwereen, egal wéi eng Besoin spécifique en huet, an dëser Gesellschaft kann deelhuelen, ouni Barrièren.” Dat grousst Zil vun dësem Event ass dës Barrièren, egal op siichtbar, an de Käpp vun de Leit oder soss enzwousch, ofzebauen.

Am Ministère, esou den Invité, schafft een aktuell u verschiddene Projeten, fir déi verschiddenst Baustellen, déi et nach beim Thema Inclusioun ginn, unzegoen. Ënner anerem feelt am Grand-Duché en Accessibilitéitsgesetz. Villes leeft iwwer Kommunikatioun an do gi schonn déi éischt Hemmungen an domadder och Barrièren ofgebaut. “Dat ass wierklech einfach, matenee Liewen, ouni sech och ëmmer vill Gedanken ze maachen. Mir maachen eis heiansdo vill ze vill Gedanken, de Kapp spillt eis heiansdo e grousse Stréch duerch eist Liewen. Wann mer deem heiansdo einfach mol d’Gefill ginn, d’Intuitioun, an einfach mateneen eens ginn, dat gëllt net nëmme fir de Behënnerteberäicher, mä an alle Beräicher, da si mer um gudde Wee.

Back to Top
CIM LOGO