Impfflicht fir Gesondheetspersonal a FrankräichMol méi, mol manner Versteesdemech vu Lëtzebuerger Säit

Tim Morizet
Wärend déi eng vun enger couragéierter Decisioun schwätzen, schwätze sech déi aner fir d' Decisiounsfräiheet vum Personal aus.
Impfflicht fir d'Gesondheetspersonal a Frankräich
Frankräich huet nei Moossnamen am Kampf géint d'Delta-Variant vum Coronavirus decidéiert.

Frankräich reagéiert alertéiert op d'Verbreedung vun der Delta-Variant a gëtt nach emol méi streng bei senge Corona-Restriktiounen. Bis Mëtt September muss sech d'Personal aus dem Gesondheetssecteur impfe loossen. Zu Lëtzebuerg stéisst dës Mesure op mol méi, mol manner Versteesdemech.

Frankräich féiert eng Corona-Impfflicht fir Personal aus dem Santé- a Fleegesecteur an. De President begrënnt dës e Méindeg wärend senger Ried op der nationaler Tëlee mat der rapider Ausbreedung vun der Delta-Variant. „Eist Land ass mat enger staarker Reprise vun der Epidemie konfrontéiert. Se zitt sech iwwer ganz Frankräich. Esou laang ewéi de Virus zirkuléiert, bleiwe mer mat dësem Typ vu Situatioun konfrontéiert", sou den Emmanuel Macron.

All Mataarbechter, sieft et aus Spideeler, Alters- oder Fleegeheemer, musse bis spéitstens de 15. September geimpft gi sinn. Iergendwann, esou de franséische President, misst och d'Fro no enger genereller Impfflicht gestallt ginn.

Et ass eng couragéiert Decisioun, esou de Constat vu villen Acteuren zu Lëtzebuerg. Et wier eng Decisioun, déi nozevollzéie wier, esou den Daachverband vun den Dokteren.

„D'Argumenter si warscheinlech déi, datt de beschten Impfschutz och nëmmen an déi 90% ass. Dat heescht, et bleiwe 5 bis 10 Prozent vun de Leit ongeschützt duerch iergendwellech Ursaachen. Dat sinn awer leider déi héich Vulnerabel. Dat sinn déi, déi vill an d'Klinicke ginn. Dat sinn déi, déi e Bee briechen an dann do vun de Soigneure ganz no entouréiert sinn. De Risiko, fir sech do unzestiechen, ass natierlech ganz grouss. Dat ass och zu Lëtzebuerg geschitt – besonnesch an der éischter Phas. Do si Leit mat enger Fraktur an d'Klinik komm a se si gestuerwen u Covid", sot den Dr Jean-Paul Schwartz vun der AMMD.

Ma genee dat hätt sech geännert, argumentéiert den Daachverband vun den Aide-soignanten. Vill Leit si geimpft an duerch reegelméissegt Testen, dat 3 Mol d'Woch, géif ee fir méi Sécherheet suergen a gläichzäiteg Decisiounsfräiheet vum Personal respektéieren.

„Iwwerall an de Länner, och ronderëm Lëtzebuerg, hu mer eng Penurie beim Gesondheetspersonal. Leit elo nach zu esou eppes ze zwéngen, ass schwiereg. Een, dee sech net wëll impfe loossen, ass vläicht souguer bereet, seng Aarbechtsplaz ze verléieren. An da fërdere mer awer just nach weider déi aktuell Penurie", betount d'Adele Fiorucci vun der Alas.

A Frankräich huet bis elo just gutt d'Hallschent vun der Populatioun déi éischt Dosis vum Vaccin kritt. Fäerdeg geimpft si 36,1%. Zu Lëtzebuerg läit een hei quasi iwwerall 10 Punkten driwwer.

D'Impfbereetschaft am Grand-Duché wier den Ament och nach héich genuch, datt een net misst iwwert eng Flicht a verschiddene Secteuren nodenken. Mä „wat de Virus méi ustiechend gëtt, wat de Vaccinatiounstaux méi héich muss sinn, fir eng adequat sanitär Äntwert ze hunn. Déi aktuell Variant stécht 1-8 Persounen un, wa se fräi kann zirkuléieren. Dat ware bei der éischter Variant nëmmen 1-2 Persounen. De Virus ass méi aggressiv a kann doduerch, op laang Dauer, nees méi vulnerabel Leit erreechen", sou den Dr Jean-Paul Schwartz vum Daachverband vun den Dokteren.

Vun enger Impfflicht gouf sech vu Regierungssäit bis ewell distanzéiert.

Back to Top
CIM LOGO