
Ee Joer nodeems d’Spionage-Software Pegasus an d’Schlagzeile gerode war, well se mëssbraucht gouf, fir ënner anerem Aktivisten, Politiker, Affekoten a Journalisten auszespionéieren, gëtt et ëmmer nach kee Moratoire, kritiséiert d’Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International. Domat wier et mat Hëllef vum Logiciel am Iwwerwaachungssecteur weiderhi méiglech, d’Mënscherechter ze verletzen.
Amnesty International Lëtzebuerg fuerdert dofir, datt Lëtzebuerg proposéiert, den NSO Grupp, deen d’Software ubitt, op déi weltwäit Sanktiounslëscht vun der Europäescher Unioun ze setzen. Nach am Mäerz hat d’Europaparlament eng Enquêtëkommissioun an Optrag ginn, fir d’Notzung vu Pegasus an aner Spionagesoftwaren an Europa ze analyséieren.
Amnesty international Lëtzebuerg huet dann och eng Petitioun op hirem Internetsite lancéiert. Dës fuerdert e weltwäite Moratoire vu Spionage-Softwaren. Dee soll esoulaang gëllen, bis déi néideg Reglementatiounen en Place sinn, déi d’Mënscherechter an deem Domaine protegéieren.