
Op der Plaz huet d’Policepatrull e Mann an eng Fra ugetraff, déi matenee Famill waren. De staark alkoholiséierte Mann soll d’Fra am Laf vum Sträit geschloen hunn.
De presuméierten Täter huet sech zimmlech aggressiv verhal a gouf dowéinst mat op de Policebüro geholl. De Mann huet ëmmer nees géintiwwer engem vun de Poliziste gedreet, hien ëmzebréngen.
Wéinst de Mordmenacen a wéinst der Kierperverletzung gouf de Mann verhaft an hat um Freideg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.