
De Motocyclist, deen a Richtung Beggen ënnerwee war, gouf beim Opprall vum Motorrad geschleidert a schwéier blesséiert. D’Stéck vun der Streck war fir d’Dauer vun den Opraumaarbechte fir de Verkéier gespaart. Op der Plaz am Asaz waren de Samu an d’Rettungsdéngschter aus der Stad.
Géint 18 Auer koum et op der A4 a Richtung Esch zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Am Asaz waren d’Ambulanz an de Rettungsdéngscht aus der Stad.